Visages d'un paysage | Chantal Maquet

Sechs Méint zeréck op Lëtzebuerg, sechs Méint zeréck an d’Heemecht.
Mee wat heescht Heemecht eigentlech? Ass et eng Plaz oder e Gefill? Mengt Heemecht dat selwecht, wéi doheem sinn? Huet all Mënsch eng oder kann een der esouguer e puer hunn?

Fir all dëst erauszefannen ass d’Chantal Maquet spadséiere gaangen. D’Kënschtlerin huet iwwerluecht, wéi een Androck nom Spadséiergang bleift - a wat iwwerhaapt eng Landschaft ass? Gemengt ass net nëmmen déi onberéiert Natur, mee och wéi d’Mënschen dës Natur notzen, gestalten a veränneren.

Dowéinst huet d’Chantal Maquet och d’Mënschen aus der Gemeng Clierf portraitéiert. Huet d’Landschaft och op si en Afloss? D’Molerin wollt wëssen, wéi si dat gesinn, mat deem doheem sinn, der Landschaft an der Fro no de Wuerzelen.

Et ginn do keng eendeiteg Äntwerten, mee wann ee sech op all déi verschidde Facetten a Perspektiven aléisst, entdeckt ee vläicht e Gefill, dat der Wourecht nokënnt.


L'exposition est ouverte de 14h00 à 18h00 les jours suivants :


SAM, 23.09.2023
DIM, 24.09.2023
MAR, 26.09.2023
JEU, 28.09.2023
SAM, 30.09.2023
DIM, 01.10.2023