Tri2pattes | Fir laachen, dréckt 3
Tri2pattes | Fir laachen, dréckt 3
Avec | Sonja Schmitz, Dan Theisen & Änder Thill
Chorégraphie | Sara Eden
Technique | Fanfan Chotro, Gil Nieles & Arsène Salvestrin
Mise en scène | Sylvie et Marco Schmitz
Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu
Le nouveau programme du cabaret Tri2Pattes. Spectacle en luxembourgeois.
Een Alldag ouni Laachen, dat misst verbuede sinn! An awer ass Laachen fir muenchereen keng Selbstverständlechkeet! Mir stressen eis, si flemmseg a genervt, granzen, ginn heiansdo richteg rosen, obwuel dat eis meeschtens och net wierklech weiderbréngt! Dobäi, wa mir eis selwer net ëmmer sou eescht géifen huelen, da kéinte mir vläicht souguer iwwert eisen eegenen Eefalt laachen! A genee mat der Astellung géif de Bléck an de Spigel fir muenchereen ënner Ëmstänn ganz nei Perspektiven erginn!
Och an dësem neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes ass genee dat de Leitmotiv, an am Fong déi wichtegst Inspiratiounsquell, an dat fir eng Hellewull vu lëschtege Sketcher, Lidder, Dänz, Pantomim a Clownerie. E Moment prall gefëllt mat gudder Laun, dat steet hei um Menü. Och Laachen ass hei eng Optioun, vläicht souguer fir déi, déi dodran zimlech zéi sinn ! Traut iech, kommt kucken an iwwerzeegt Iech selwer.
Photo © All rights reserved