Mämmories

Mämmories

Variété
dim. 12/01/2025 — 18h00
Prix Plein: 22.00€
Cube Card: 19.00€
< 26 ans: 11.00€
Kulturpass: 1.50€
Acheter tickets

Avec | Michèle Turpel
Mise en scène | Jemp Schuster
Musique | Claire Parsons
Affiche | Meluma

Tickets

Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu

No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) 2024 säin 3. Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster. Spectacle en luxembourgeois.

Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, dat behaapt se emol, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärecher blatzeg aus.

Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn?
Mir ginn de Risiko an. Mämmories ass Showbiz am Stil vum magesche Realismus.

D’Musek fir dës Show huet d’Claire Parsons komponéiert. D’Affiche kënnt aus der Fieder vum Meluma.


Photo © Meluma