D'Cojellicos Jangen | Dat elei an dat elo

D'Cojellicos Jangen | Dat elei an dat elo

Musique
sam. 11/05/2024 — 20h00
Prix Plein: 26.00€
Cube Card: 21.00€
< 26 ans: 12.00€
Kulturpass: 1.50€
Acheter tickets

Ténor | Raymond Majerus, Arend Herold & Georges Urwald
Basse | Carlo Migy & Paul Lallemand
Piano | Christophe Nanquette
Invité | Yvon Streff

Tickets

Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu

Dans le cadre du 200e anniversaire de la naissance d’Edmond 'Dicks' de la Fontaine, les « Cojellico’s Jangen » présenteront une série de ses chansons arrangées par Ivan Boumans, Valérie Knabe, Jean-Marie Kieffer, Claude Kraus, Jean-Paul Majerus et Georges Urwald.

Mat de Cojellico’s Jangen entsteet am Joer 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher en neit Format, fir bekannten a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus der 1. Hallschent vum 20. Joerhonnert ze presentéieren: am Sound an am Look vun de legendäre Comedian Harmonists (1928-1935). Säitdeem hunn d‘Jangen (benannt nom Jempy Welter sengem Lidd Cojellico’s Jang) ronn 120 Concerte gesongen an et sinn 4 Alben erauskomm: Live am Inoui (2012), Dammenalphabet (2017), Gloria (2018) an Dat elei an dat elo (2023).

All Concert, all Album, all Joer huet seng Geschichten hannerlooss. D’Joer 2023 markéiert d’Jangen awer op eng besonnesch batter Manéier: si verléieren Ufank Mäerz no laanger Krankheet hire Bassist an Arrangeur Jean-Marie. D’Welt ass elo eng aner. Déi gemeinsam gesonge Lidder sinn a bleiwe Schmierz an Trouscht zugläich. Esou kritt och den Titel vum neien Album fir dem Dicks säin 200. Gebuertsdag „Dat elei an dat elo“ eng nei Bedeitung: et gi Situatiounen am Liewen, wou mer eis net entscheede kënnen oder sollen. Trauer a Freed, Leed a Gléck dierfen nieftenaner existéieren. An dat maache se och. Am Numm vum groussen Hexemeeschter, vum Gréit, vum Salomon, vum Gottlieb Hurra a vum Liss.


Photo © Lynn Theisen