Choir Factory | Gesangs-Workshop

Deng Stëmm ass gefrot!

Du hues Spaass um Sangen a géings gäre Gläichgesënnter kenneléieren? Dann bass du bei eis genau richteg!
Maach mat bei Choir Factory, engem eemolege Chouererliewnis, bei deem jiddereen, egal op Ufänger oder erfuerene Sänger, matmaache kann! Hei kanns du flott Arrangementer aus dem Pop-Repertoire entdecken an dech mat anere begeeschterte Sänger austauschen. Natierlech dierf eng professionell Uleedung net feelen! Dës gëtt vun der Sängerin Marie Weis assuréiert.


De Mount Mäerz 2025 steet ganz am Zeeche vum Gesang!
Prouwen | 27.02, 06.03, 13.03, 20.03, 27.03 um 19.00 Auer
Ofschlossconcert | 29.03.2025 um 20.00 Auer
Wou | Cube 521

Dëst ass eng Zesummenaarbecht vum Cube 521 an der Musekschoul vum Kanton Clierf. D’Participatioun um Workshop ass gratis. 

Fir Informatiounen & Umeldungen : + 352 521 521 / info@cube521.lu