Theaterworkshop
Ënner professioneller Uleedung hu Jonker an der Saison 22|23 1x am Mount (Dënschdes vu 16.00 – 18.00 Auer) d’Geleeënheet gemeinsam Zäit op der Bün vum Cube ze verbréngen a Büneloft ze schnupperen. Niewent dem Spill, der Improvisatioun an der kreativer Eegebedeelegung stinn virun allem Freed a Spaass bei dëse Workshops am Virdergrond!
Jiddereen tëschent 13 a 17 Joer, mat Loscht a Motivatioun Neies z’entdecken an auszeprobéieren, ass agelueden!
Umeldungen huele mir um + 352 521 521 oder info@cube521.lu bis den 25. September 2022 entgéint.
Datumer:
DË, 27.09.2022 | 16h00 - 18h00
DË, 18.10.2022 | 16h00 - 18h00
DË, 22.11.2022 | 16h00 - 18h00
DË, 20.12.2022 | 16h00 - 18h00