

Weess de nach? Weess de wat?
Weess de nach? Weess de wat?
Cube Card: 0.00€
< 26 Jahren: 0.00€
Kulturpass: 0.00€
Freier Eintritt. Reservierung empfohlen.
Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu
En Owend fir Gedanken an Erënnerungen ze deelen.
De Buedem op deem s du stees… voller Erliefnisser, Erënnerungen, Geschichten. Bekannter an onbekannter, grousser, ma och där ganz klenger. D'Geschicht(en) vun enger Generatioun, vun enger Regioun am Krich, vu sëlleche Famillen oder och vun Eenzelnen... all derwäert, fir erzielt, gesammelt, gedeelt ze ginn.
Déi zwee Kënschtler Betsy Dentzer a Misch Feinen wëllen, zesumme mam Kulturhaus Cube 521, op engem gemittlechen Owend Plaz maache fir alles, wat d'Leit aus dem Éislek z'erzielen hunn, iwwert eng Regioun, déi um Enn vum Zweete Weltkrich mat der Ardennenoffensiv nach ee besonnesche Coup erlieft huet.
Villes gouf schonn erzielt, mee kommt, loosst eis nach bësse schwätzen. Oder léint eis ganz einfach är Oueren, drénkt e Patt mat eis... a wee weess: vläit gëtt et op ee Mol awer dat eent oder anert ze soen.
Jiddereen ass häerzlech agelueden!
Foto Betsy Dentzer © Véronique Kolber