Vill Kaméidi fir näischt?

Vill Kaméidi fir näischt?

Theater
So. 29/01/2023 — 17h00
Preis Erwachsene: 12.00€
Cube Card: 12.00€
< 26 Jahren: 12.00€
Kulturpass: 1.50€
Tickets kaufen

Liesung | Roland Meyer

Tickets

Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu

Eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vum a mam Roland Meyer.
Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Clubhaus op der Heed.

Et si schaardeg Zäiten an d'Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.
Lëtzeburg, oh du eist butzegt-klengt Bommeleeër-Kachkéis-a-Superjhemp-Ländchen, an deem d'Rief laanscht d'Mousel verdiert, d'Sauer duerch d'Fielse just nach rënnt an d'Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.
Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d'Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.

De Roland Meyer analiséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguddst, wéi héich de Quecksëlver an der Tëschenzäit scho geklotert ass.