Um Horizont

Um Horizont

Theater
Mi. 21/01/2026 — 19h00
Preis Erwachsene: 0.00€
Cube Card: 0.00€
< 26 Jahren: 0.00€
Kulturpass: 0.00€

D’Liesung ass am Foyer vum Cube 521.
Den Entrée ass fräi.

Tickets

Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu

De Roland Meyer liest aus sengem aktuelle Roman „Um Horizont“.
Mat musikalescher Begleedung vum Noémie Leer (Gesang, Keyboard, Lecture) a Mulles Scholtes (Gittar).

An de franséischen Alpen ginn zwou Fraen ëmbruecht. Direkt steet fest, wien de Mäerder soll sinn, de Manuel Esposito, ee Schwäizer Assurancebeamten. An och d'Motiv schéngt kloer: Jalousie. Wéi den Esposito dann iewer onerwaart aus dem Prisong fräigelooss gëtt, well en, esou schéngt et, een Alibi huet, ass et op eemol net méi kloer, wat wouer a wat falsch ass.

D'Niki, eng Lëtzebuerger Léierin, déi sech - och wéi et schéngt – zu Roum an eng vun deenen zwou Fraen verléift hat, geréit elo an de Fokus vum Esposito.

Dat ass d'Dréibuch, aus deem d'Sam, eng jonk lëtzebuergesch Cineastin mat kongoleesesche Wuerzelen, wëllt ee Film maachen. Soll et en Documentaire oder eng Fiktioun ginn, soll d'Sam zu Boston bleiwen, wou et ee Projet huet, deen et net wierklech interesséiert, oder soll et zeréck op Lëtzebuerga kommen, do wou et sech keng Wunneng ka leeschten?

Soll et mam Laurie, enger laangjäreger Frëndin zesummeschaffen oder soll et endlech op eege Féiss stoen? Wat ka Konscht bewierken, wann den Drock, fir Profit ze maachen ëmmer méi grouss gëtt? Däerf eng wäiss Fra iwwer d'Lëtzebuerger am Kongo ee Film maachen, oder muss se Schwaarz sinn? Däerf oder och kann ee Mann iwwer véier Fraen an eng lesbesch Bezéiung schreiwen? Wéivill Wouerechte gëtt et a kann eng dovun besser, an domat méi wouer wéi déi aner sinn? Huet net grad deen déi wouer Geschicht, deen d'Muecht huet?

Bild © Op der Lay