Serge Tonnar & Georges Urwald: Aus der Heemecht - concert annulé

Serge Tonnar & Georges Urwald: Aus der Heemecht - concert annulé

Musik
Fr. 12/06/2020 — 20h00
Preis Erwachsene: 25.00€
Cube Card: 0.00€
< 26 Jahren: 12.00€
Kulturpass: 0.00€
Tickets kaufen
Lëtzebuerger Liddercher fir Gesank mat Klawéierbegleedonk.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ginn et zu Lëtzebuerg gutt Grënn, fir “Lëtzebuerger Liddercher” ze schreiwen. D‘Gesellschaft entwéckelt sech zu enger eegestänneger, zu enger gefillten Natioun, wat sech a Lidder iwwert Land a Leit ausdréckt. Wéinst de ville Chéier, virun allem Männerchéier, ass eng Nofro fir lëtzebuergesch Lidder do. Owes doheem gouf gesongen, fir de privaten Zäitverdreif, sou wéi mer haut virun de Schiermer sëtzen. D’Liddercher besangen dat, wat de Leit no steet: Gaart an Natur, Iessen an Drénken, Fräizäit, d‘Handwierk, d‘Léift, Alldaagswäissheeten an Erënnerungen, … Opfälleg produktiv an erfollegräich si bei den Textdichter de Méchel Lentz a bei den Toundichter säi Bouf, den Edmond Lentz, de Jean-Antoine Zinnen, de Laurent Menager, de Gustav Kahnt an natierlech den Edmond de la Fontaine, genannt den Dicks, dee virun allem mat ville Lidder aus senge Koméidisstécker “Éiweggrénger” produzéiert. An hirem Programm “Aus der Heemecht” interpretéieren de Serge Tonnar an de Georges Urwald eng Rëtsch vu bekannten a manner bekannte Lidder aus där Zäit op eng radikal perséinlech Manéier. Mateneen, an och mol géinteneen, zielen d’Stëmm an de Piano eis d’Geschichten aus de Lidder vun deemools an enger neier Sprooch, a loosse beim Nolauschterer d’Gefiller opliewen, déi de Kär vun dësen Texter a Melodien ausmaachen. “D’Pierle vum Da”, “De groussen Hexemeeschter” oder “De Feierwon” huet ee wuel nach ni sou frech héieren, an awer am Respekt vun den Originaler, déi auserneegeholl goufen fir se, mat vill Improvisatioun, nei opliewen ze loossen.

De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, virun allem mat senger Band Legotrip. Derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller an Auteur. Hien ass Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musikalesch Projeten. 2015 huet en d'Associatioun "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" an d'Liewe geruff, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt, absënns tëscht Flüchtlingen a Leit vun hei.

De Georges Urwald klawéiert, tenéiert, arrangéiert, komponéiert, léiert, redigéiert, féiert: Pianist ë.a. bei gFLOTT an am Duo Hemmerlé Urwald, 1. Tenouer bei de Cojellico’s Jangen, Arrangeur fir Genre iwwergräifend Museksprojeten, Komponist vu Lidder a Bühnemuseken, Professer am Iechternacher Kolléisch, Redakter vun der didaktescher Heftserie iwwert Lëtzebuerger Kultur De Litty, artistesche Leeder vum Stued Theater zu Gréiwemaacher.