Nornen

Nornen

Theater
Fr. 26/04/2024 — 20h00
Preis Erwachsene: 26.00€
Cube Card: 21.00€
< 26 Jahren: 12.00€
Kulturpass: 1.50€
Tickets kaufen

Mam | Frédérique Colling, Catherine Elsen & Anne Klein
Konzept a Regie | Jacques Schiltz, Claire Wagener
Kostüm a Bünebild | Michèle Tonteling
Luucht | Marc Thein
Textdramaturgie | Samuel Hamen
Produktiounsleedung | Jill Christophe

Tickets

Informationen: + 352 521 521 | info@cube521.lu

E Stéck vum Jacques Schiltz a vum Claire Wagener.

Vergaangenheet, Géigewaart, Zukunft: dräi Dimensioune vun der Zäit, duergestallt vun dräi Gëttinnen, déi Nornen heeschen. D’Schicksalseeler, déi si an den Hänn halen, si gläichzäiteg d’Fiedem vun enger Erzielung, déi si spanen. A wéi eng Geschicht wäerten si eis abannen?

“Weess du, wéi dat gëtt?” Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och „Nornen“ genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufe si am Schied vu méi lukrativen nordeschmythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess.
Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D‘Geschicht vun hirem Asaz fir d‘Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d‘Muechte vum Chaos, d‘Geschicht dovunner, wéi si d‘Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d‘Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen.
Nornen ass eng dynamesch Stéckentwécklung, bei där d’Regie wärend de Prouwen zesumme mat de Schauspillerinnen doriwwer nodenkt, wat dat heescht: Geschichten erfannen a verzielt kréien. Si si tatsächlech de Koll, deen d’Gesellschaft zesummenhält? A wat hu si eis haut nach ze soen, déi al Geschichten, déi un dësem Owend eng nei Gestalt wäerte kréien?

Eng Produktioun vun Independent Little Lies - ILL a Koproduktioun mam Escher Theater a mam Kasemattentheater. Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère a vun der Stad Esch-Uelzecht.


Abo „Theater“ | 5 Vorstellungen zur Auswahl: Abopreis 100€
Rent a friend (DE) | SO, 26.11.2023 | 18.00
Animal Farm (EN) | FR, 01.12.2023 | 20.00
Josef und Maria (DE) | SO, 10.12.2023 | 17.00
Die Physiker (DE) | DO, 22.02.2024 | 20.00
Le Misanthrope & Tartuffe (FR) | DO, 28.03.2024 | 20.00
Nornen (LU) | FR, 26.04.2024 | 20.00