Makadammen
Makadammen
Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
	
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
	
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
	
Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
	
Dekor: Christian Klein
	
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
	
Affiche a Fotoen: Pitt Becker
Informationen: + 352 521 521 / info@cube521.lu
Cabaret mat véier wonnerbare Schauspillerinnen am Kader vum Weltfraendag 2022! 20 Joer MAKADAMMEN! Wow! Dat muss gefeiert ginn! Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis "Avataren" vun deene leschte Joeren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
	
	
	
	
	
Einfach aus der Haut fueren
	
Fir een Aneren ze ginn
	
Mir fillen eis wéi neigebueren
	
Wa mir op der Bühn stinn
	
Aus dem Jeckill gëtt d’Miss Hyde
	
Aus dem Beauty gëtt e Beast
	
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
	
A last but not least
	
Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen
	
Aus douce Fraen, Femme fatalen
	
Wa mir op d’Bühn ropklammen
	
Gi mir:(d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)
	
D’MAKADAMMEN