D'Alice am Verwonnerland

D'Alice am Verwonnerland

Theater
So. 10/03/2024 — 17h00
Preis Erwachsene: 22.00€
Cube Card: 19.00€
< 26 Jahren: 11.00€
Kulturpass: 1.50€
Tickets kaufen

Text & Spill | Laure Schreiner
Regie | Jemp Schuster

Tickets

Informationen: + 352 521 521 | info@cube521.lu

Am Kader vum Weltfraendag. Eng fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman-Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster. Op eng humoristesch a satiresch Aart a Weis gi sozial a politesch Themen, wéi zum Beispill de „surrealen“ Immobiliemaart zu Lëtzebuerg, déi richteg Beruffswiel, d'Léift an d’Roll vun der Fra duergestallt.

Alice… pass op…du fäls!

Do, elo ass et geschitt! Elo ass et erof an dat däischtert Lach gefall. Erof, erof, an ëmmer méi déif erof. Hatt erwächt am Verwonnerland, engem Land dat sou verwonnerlech ass, dass een sech net méi brauch ze wonneren. Hei erlieft d’Alice seng ganz eegen, surreal Odyssee mat villen ënnerierdeschen Aventuren an deene verwonnerlechste Gestalten.

Dës fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman-Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster, beschäftegt sech mat der Situatioun vu jonke Mënschen, déi hire Wee an hir Plaz an der Gesellschaft sichen. 

D'Stéck spillt mat villen intertextuellen Allusiounen, virop natierlech dem Lewis Carroll sengem Alice's Adventures in Wonderland, ass awer och vum Homer senger Odyssee, de Gebridder Grimm hire Märercher, dem Platon senger Philosophie an dem Shakespeare sengem Theater inspiréiert. Grad ewéi déi ikonesch Walt Disney Illustratiounen äis an eng aner Welt entféieren, esou gëtt och dës rasant a charmant Opféierung, duerch der Kënschtlerin Mélusine Mainville hir Illustratiounen, bildlech ënnermoolt.


Dës Produktioun gëtt ënnerstëtzt vum CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a vum Cube 521.
On Tour am CAPE 15. & 16.12.2023 / 20.00


Foto © Marion Dessard