Béischten

Béischten

Theater
So. 03/11/2024 — 17h00
Preis Erwachsene: 20.00€
Cube Card: 17.00€
< 26 Jahren: 10.00€
Kulturpass: 1.50€
Tickets kaufen

Liesung | Jemp Schuster
Piano | Claire Parsons

Tickets

Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu

De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman BÉISCHTEN (2023). Musikalesch begleed gëtt hie vum Claire Parsons um Piano. An deem klengen Éisleker Duerf, zu Kromber, geschéien an de Joren 1942 bis 1949, Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen.

Kromburg oder Kromber ass en Éisleker Duerf, dat sech net vill vun aneren Dierfer ënnerscheet. Déi Kromber Béischte kommen engem kënneg vir. Wat déi Al mat vill Schweess iwwer Generatiounen zesummegekraazt hunn, dat mussen déi Jonk versuergen a weiderginn. Do bleift net vill Plaz fir Dreem a grouss Gefiller. Hannert de Mauere vun de gewäissten Haiser geschéie Saachen, déi keen dobaussen eppes uginn. Wéi 1940 d’Preisen d’Duerf an d’Land besetzen, traut kee méi deem aneren. De Felix Drengler gëtt 1942­ agezunn. Seng jonk Frau Anni erwaart e Kand vun em. D’Milli léiert säi Papp ni kennen. De Felix bleift vermësst. 1945, d’Duerf ass nom Krich am Opbau, verschwënnt de Leo, e Bouf vun 13 Joer. Och deen daucht net méi op. Eenzel Leit am Duerf schéngen awer méi ze wëssen, wéi se soen. Iwwert de Felix an iwwert de Leo.
D’Duerfgespréich gëtt esou schlëmm, datt d’Anni et net méi doheem aushält…


Claire Parsons
Zanter hirem éischte Präis um “Luxembourg Music Awards” am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot. 2020 huet si hire Studium am Jazz Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin, op villen nationalen an internationale Bünen a Festivaler ze gesinn an ze héieren.


Fotos © Michèle Turpel & Lynn Theisen