Den 4. Abrëll ass et nees esouwäit, dann trëtt den Ensemble « Nei Revue asbl. » seng Tournée uechtert d’Land mat der REVUE 2019 un ! Dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret-Theater huet och dëst Joer erëm e lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm virgesinn. Humoristesch zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen an Nodenke sinn ugesot !
