Déi lescht Saison ass d'Ouerespëtzer-Këscht schon déi drëtte Kéier am Cube opgaang.
No enger Rees duerch Italien, engem Besuch am Taiwan bei enger Flou an enger Laus an engem Openthalt a Portugal bei engem plakege Jippelchen ass d'Këscht nees prett fir opzegoen: déi neitste Geschichte leie scho prett a waarden nëmmen drop, an déi gutt gespëtzten Oueren ze klammen!
Et gëtt spannend, vläit mol nodenklech, mat enger winzeger Portioun Trauregkeet, mee dofir enger groußer Duebelportioun Gekickels a Gegrins!
Eintritt: 2 €
