Théâtre en langue luxembourgeoise.
Bühnebild, Inszeenéierung: Carlo Hartmann
Musikalesch Begleedung: Romain Welter
Kostümer, Astudéierung: Yannchen Hoffmann
Dammechouer: Demonstrantinnen, Protestantinnen....
Härechouer: Klepper, Dreiwer an Iwwerdreiwer....
Hätt onse gudden DICKS nët déi wonnerschéi Musék zu séngem Koméidisstéck"OP DER JUEGD" komponéiert, géif d'Stéck - wéinst dem nët onëmstriddenen Thema "der Juegd" - wuel kaum hautdesdaags nach op Spillpläng ze fanne sinn. Mee wann d'OPERA du TROTTOIR sech dësem Thema unhëllt, dann trieden am verschneiten Theaterbësch nët nëmmen d'Frënn vu Jeeërei, vu Bësch a vum Wëld op, mee och d'Kritiker vun deenen Traditiounen kommen - natierléch zum grousse Spaass vum Publikum - zu Wuert an däerfen hir Positioune behaapten. An sou versicht dem Carlo Hartmann seng peppég Mise en scène, op amusant Art a Weis, dës festgefueren Diskussioun ze entschäerfen.
Eng héichkaräteg Besetzung bréngt déi musikalesch Bijouen (D'Piirle vum Daa - D'Fëscher an Jee'r - Bei mir, an onsem Gréit - 'T si vill schéi Rousen an der Stad......) ganz apaart zum blénken.
