No engem Joer Paus ass d’Revue, dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret, nees do ! Den Ensemble "Nei Revue Asbl" steet mat engem lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm op de Brieder, a féiert domat déi grouss Lëtzebuerger Theatertraditioun weider. Humoristesch, zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen ass ugesot !
Ennert de Regie vum Nico Lessyn spillen e.a. : Dana Zangerle, Liliane Luyckfassel, Stéphanie Welbes, Marc Camy, Ricardo Viera a Will Aust.
Geschriwwe gouf de Programm e.a. vun : John Moris, Patrick Kayser, Marc Weidert, Roland Meyer, Roland Kalté, Gast Zangerlé a Stefan Kunzmann.
Dauer: 60 Minuten Paus
70 Minuten
