Discours satirique en langue luxembourgeoise.
Am Kader vun der Ausstellung Satirische Literatur in Luxemburg hat de Pierre Puth 2013 am Centre national de littérature zu Miersch a begleet vum Paul Dahm um Piano an um Saxophon e satiresche Virtrag gehal mam Titel Lëtzebuerg de Lëtzebuerger: Exkurs iwwer eis Identitéit - vum Grof Siegfried bis bei de Lex Roth a vun der Melusina bis bei d’Lea Linster.
Dee Virtrag hat op ee Coup sou gutt ageschloen, datt si domatt annerhallef Joer op Tournée woren.
Mat der Iwwerschrëft Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger an ënnert dem Motto “Mir wëlle bleiwen, wat mer guer net sinn” huet de Pierre Puth 2015 nei satiresch Variatiounen zum Thema Lëtzebuerg geschriwwen an ufanks 2016 kënnt als Ofschloss en neien drëtte Programm iwwer Lëtzebuerg eraus: Onse Fuendel héich ze halen. An aus där Trilogie gi si zwee a majeur an a mineur déi flottsten Auszich zum Beschten.
