En luxembourgeois.
An engem regelrechte Blëtzkrich hat Gambia d’Festung vum CSV-Staat iwwerrannt a mir haten all gemengt, elo endlech ging sech eppes änneren. Mee Quetschen och: dat eenzegt, wat geschidd ass, war datt déi al Kommandeuren sech agebuddelt an iwwerluecht hunn, wéi Oppositioun iwwerhaapt geet, an déi nei konterbond Schwadrull wéi den Ochs virum Bierg stung. – Stëllstand, d’Rou virum Stuerm oder ass d’Loft elo schonn eraus? Drôle de guerre! Dien ale Premier huet seng Truppen am Stach gelooss an ass wéi esou dacks no Europa desertéiert an dien neie Premier huet d’Angscht virum kolaterale Schued gepaakt: et gëtt net méi aus der Hëft geschoss, auslännesch Mercenären ginn engagéiert fir d’Drecksaarbecht ze maachen an e kloere Schluechtplang existéiert och net. An dobäi zéien sech ëmmer méi däischter Wolleken iwwert eisem klenge Bommeleeërländchen zesummen... D’Spezialeenheet vum Kabaret Sténkdéier muss elo agräifen!
