Spectacle en luxembourgeois.
Et ass schmeier. Den Himmel dréckt an d’Loft ass fir ze schneiden. D'Vulle fléien déif, et ass bronkeg, dompeg.
Et ass schmeier. Ass et de politeschen, de wirtschaftlechen oder den zwëschemënschleche Klima? De Klimawandel? Schwéier ze soen, mir wësse just, datt de Schweess eis zolitt ausgeet.
Et ass schmeier. D’Terrassen sinn eidel, d’Stroossen si fiicht, d’Leit hunn sech hannert hir déck Maueren zréckgezunn. D’Klimaanlage si voll opgedréit.
Et ass schmeier. Et läit een Donnerwieder an der Loft, jidderee spiert et. Mee wat gëtt dat fir ee Gerubbels? Aus wéi enger Richtung kënnt et? Botzt et Loft oder rappt et eis all mat fort?
