En luxembourgeois.
30 Joer, nodeems den Emil Wolff säin Heemechtsduerf Wénger verlooss huet, kënnt en ness heem. Dat muss dach eppes ze bedeiten hunn. Zemools en net onbedéngt am gudde gaang ass. An och well en, wat een esou héiert, an deene leschten 30 Joer uerdentlech am auslännesche Bankebusiness Fric gemaach huet. Wat huet den Emil wëlles? Wëllt en sech rächen? Oder eng al Léift fir sech gewannen? Oder dach, wéi e behaapt, senger Heemecht eppes Guddes dinn, andeems e grouss an d’Zukunft vu Wénger investéiert? Kann een esou engem trauen? Oder huet de Wollef Kräid gefriess?
„De Wollef kënnt heem“ – en Theaterstéck iwwert de grousse Dram an dat klenglecht Denken, dat all Dram am Wee steet.
Raoul Biltgen
De Raoul Biltgen gouf 1974 zu Esch/Uelzecht gebuer. Matt 19 Joer ass hien op Wien geplënnert an huet do d’Schauspillschoul gemaacht. Dono war en ënner anerem zu Bregenz um Landestheater als Schauspiller resp. um Wiener Theater der Jugend als Dramaturg engagéiert. Zënter 2003 lieft a schafft hien als fräischaffende Schauspiller a Schrëftsteller zu Wien. De Raoul Biltgen ass Auteur vu Bicher, Kuerzgeschichten, enger regelméisseger Kolumn (www.adamspricht.com) a virun allem Theaterstécker, déi an Éisträich, Däitschland a Lëtzebuerg gespillt ginn.
