En luxembourgeois.
An der Däischtert ënnert dem Buedem gesinn d'Kenkie vun de Mineuren aus wéi ënnerierdesch Gehaansfénkelcher. Dausend Geräischer schalen an der Galerie: d'Hummere klappen de Steen, d'Buggien técken uneneen. De klengen Zichelche jiipst wann en d'Kéier mecht. Mineur sinn ass eng schwéier Schaff, ma de Gusti gëtt sech drun. "Wann's de gutt schaff's, da léieren ech dech Tuba blosen!", versprecht de Papp him. Iert de Gusti awer an der Musek spillen däerf muss hie weise wat fir e Kärel an him stécht...
