Gutt Noriicht... schlecht Zäiten

Béierdeckelsgespréich 2013 E Solo-Kabaretprogramm vun a mam Jay Schiltz.

No engem ganze Joer Paus zréck mat der traureger Feststellung datt sech näischt awer och iwwerhaapt näischt geännert huet. Oder dach, an ech hunn iergend eppes net matkritt?

Datt ‘Kris net méi virun der Dier steet daat hunn ech matkritt, well se ass schonn mindestens zweemol hannen eraus a vir erëm era komm a steet matten dran. Wou, ma iwwerall! A wat maache mir an eisem äerdege Ländchen, mat eisen äerdege Politiker a mir äerdeg Patrioten? Ma wat mir ëmmer maan, wann et eis esou richteg dréckeg geet: de kollektive Refus, och nëmmen am Usaz vum Tellerrand d’Realitéit vun dëser Kris zur Kenntnis ze huelen.

A mir loossen eis weider vun eise politesche „Wandjangen“ fir grad esou domm verkafe wéi mir tatsächlech sinn. E Bléck an d’Alldagsrealitéit mam Jay Schiltz sengem neie Programm.

Koproduktion: Mierscher Kulturhaus, Kulturhaus Niederanven, Cube 521 Marnach, Opderschmelz – Dudelange

Mise en scène: Karin Kremer
Scénographie a Luuten: Serge Hoffmann

Miersch: 15., 16., 18., 19., 22., 23. Januar 2013 em 20.00
A Sonndes den 20. Januar em 17.00

Niederanven: 29. an 30. Januar 2013 em 20.00 – 1., 5., 6., 8. Februar 2013 em 20.00
A Sonndes den 3. Februar em 17.00

Opderschmelz – Dudelange
1. an 2. März 2013 em 20.00 Auer
a Sonndes den 3. März 2013 em 17.00

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.