D'Meedche vu Gëtzen an d'Meedche vu Maarnech

vum Max Goergen - vum Jemp Schuster Koproduktioun Cube 521 & Spektakel. Et spillen Lekt aus der Regioun.

Am Joer 1923, also virun 90 Joer, huet de Max Goergen d’Stéck „D’Meedche vu Gëtzen“ geschriwwen. Et ass d’Geschicht vun engem Bauerenmeedchen, dat et fir déi Zäit zimlech liichtfankeg dreift, sech nawell gär iwwert déi deemoleg Moralvirstellungen ewech setzt, je dat aus der Rei danzt, an dofir vun der Duerfgemeinschaft schif bekuckt gëtt. Wann et dann e Kand erwaart, steet et op eemol ganz eleng do. Säi Freier léisst et hänken, am Duerf gëtt e Spottlidd op et gesongen, a seng Eltere wëllen näischt méi vun em wëssen. Et ass eng Schan fir d’Famill. A senger Nout geet d’Meedche vu Gëtzen an d’Waasser, well et keen aneren Auswee méi weess. 2013 huet de Jemp Schuster seng Versioun geschriwwen, an e nennt et: „D’Meedche vu Maarnech“. Wéi geet e Meedchen haut mat esou enger Situatioun ëm? D’Jugend ass dach opgekläert, do dierft eigentlech näischt méi schif goen. Oder? Ass dat kee Problem méi, wann e Meedchen haut mat 16 erwaart, oder huet sech an deenen 90 Joer, zanter dem Meedchen vu Gëtzen, net vill geännert? Déi zwee Stécker ginn hannertenee gespillt. D’Meedche vu Gëtzen an der Originalversioun vun 1923, awer op eng Stonn gekierzt, virun der Paus, an d’Meedche vu Maarnech am Joer 2013, no der Paus. Fir dat neit Stéck hu mer äis mat Jugendlechen a mat Erwuessen zesumme gesat, an iwwert deen Thema diskutéiert. Mir wëlle kengem eng Lektioun ginn, just nëmme weisen, datt och haut nach ëmmer alles duerchernee geréit wann e Meedchen ongewollt e Kand erwaart. Dat kann ni banaliséiert ginn, egal wéi opgeschlossen eis Gesellschaft sech och gëtt.

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.