Dekor: Christian Klein
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
E ronne Gebuertsdag steet an d'Haus. Gefeiert gëtt en "toute intimité", am engste Familjekrees. Eng gutt Geleeënheet fir sech erëm ze gesinn, a sech esou ze gi wéi ee wierklech ass. Et gesäit jo keen et. Et ass ee jo ënnert sech. A wat an der Famill geschitt, geet déi aner näischt un. Et gëtt debatéiert, philosophéiert, beschass, gestridden, gelaacht, gesongen an et ass een ëmmer erëm iwwerrascht iwwert deem anere seng Naupen a Gewunnechten, obschonns ee gemengt huet, et géif een déi besser kenne wéi seng eege Boxentäsch, jee.......en Turlatäin ouni Enn.
Dauer: 45 Minuten (eischten Deel) Paus 45 Minuten (zweeten Deel).
