De Konterbass

Erwachsene:18.00€ / Gruppe:15.00€ / < 26 Jahren:9.00

vum Patrick Süskind. Iwwersetzung: Nico Helminger. Mam Germain Wagner. Eng Produktioun a Lëtzebuerger Sprooch. Eng Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Escher Theater. Regie: Charles Muller.

Hie lieft eleng a senger schallisoléierter Wunneng, eleng mam Konterbass, sengem Instrument, dem gréisste vun alle Sträichinstrumenter, ouni dat, wéi hie seet, keen Orchester kann existéieren, well et sou eppes wéi d'Fëllement ass vun all Musik. Hien, de Musiker ouni Numm, ass op Liewenszäit engagéiert am Philharmoneschen Orchester, wou en hannen an der leschter Rei seng Plaz huet, obwuel de Konterbass senger Meenung no dach dat zentraalt Orchesterinstrument ass.
Uganks setzt hien alles drun, säin Instrument a beschtem Liicht ze weisen, léisst awer duerchblécken, datt dat mat deem Konterbass net sou einfach ass, a lues a lues gëtt seng Ried dann zu enger Ofrechnung, net nëmme mat sengem Instrument; Dirigenten, Solisten, Komponisten an och aner Leit mussen dru gleewen. Seng Ried weist hie méi a méi net nëmmen als frustréierte Kënschtler a noléissege Musiker, dee gär mol e puer Nouten ausléisst, mä och als verbatterten a verbruete Klengbierger, deen ze kuerz koum an op Revanche aus ass. A Schold u senger miserabeler Situatioun ass dat ondugent Instrument, dat hien net nëmmen an déi hënnescht Rei vum Orchester zwéngt, mee him ëmmer am Wee steet an him d'Liewe schwéier mécht, souguer, wann et ëm d'Fraleit geet.

Mat vill Witz a Gespier, subtiler Ironie a geleeëntlech och Sarkasmus zeechent de Patrick Süskind d'Bild vun dësem Musiker, dee sech net unerkannt fillt, dee säin Instrument brauch, well et hien zum Kënschtler mécht an deen et grad sou haasst, well et aus him e Verléierer mécht, hien an eng Roll dréckt, déi hien net spille wëllt. Dobäi erliewe mer hien souwuel als Gemittsmënsch, dee gär säi Béierchen drénkt.
Konterbass spillen ass eng kierperlech Aarbecht, bei där ee vill Flëssegkeet verléiert wéi als béisaartege Klenggeescht, dee säi Gëft street, als studéierte Kapp, dee gär op gescheit mécht awer mat sengem ugeliesene Wëssen näischt unzefänke weess a leschtlech an Absurditéiten erëmschwadronéiert wéi als geeschtege Raudi, dee seng Roserei net am Zam hale kann a géint all déi wierdert, vun deenen hie mengt, si wiere Schold u sengem Ongléck. Awer hien ass och verléift, onglécklech verléift zwar, awer verléift an huet do eng wëlles. Zanter méi wéi drësseg Joer gëtt dem Patrick Süskind säi Stéck mat Erfolleg gespillt a ville Sproochen an elo fir d'éischt och op Lëtzebuergesch, an et gesäit sou aus, wéi wann deen onzefriddene Konterbassist do, dee frustréierte Klengbierger, deen all Ierger vun der Welt a sech eragefriess ze hu schéint, ganz gutt och kéint e Lëtzebuerger sinn.

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.