Een onvergänglecht Wierk vun engem vun de bedeitendsten Lëtzebuerger Auteuren an zudem nach de gréissten Publikumserfolleg vum Déifferdenger Theater!
Em wat geet ët dann am Norbert Weber séngem « De Bretzert»? Ëm villes an nach méi. An nëtt zu läscht em Respekt a Versteesdemech fir de Mënsch, an eisem Fall speziell fir de Jupp. Hiën huet ët nëtt einfach, De Jupp, de Koschter. Nëtt doheem, an och soss nëtt. Keen hëllt hië fir voll, ausser wann hiën ët as.
D’Funsel, séng Fra, baatscht him der all Dag, kee Réck wäit a breet as sou huël a blo wéi dem Jupp säi Réck. Mä d’Funsel mengt ët nëmme gutt, probéiert hatt dach esou dem Jupp säin iwwerméissechen Alkoholkonsum - mat deem hiën säi Misär wëll ersaufen - an der Gitt an esou de Stot zesummen ze halen. Mä enges Dags, wann de Jupp nees zevill gesouckelt huet, geschitt eppes... Waat, sief elo hei nëtt verroden. Nëmmen esou vill, beim Norbert Weber sengem Hit «De Bretzert» langweilt bestemmt kee sech!
Assistenz: Muriel Galeazzi, Romain Graul, Romi Bei Angeloni
Luucht & Sound: Muriel Galeazzi a Jean-Marie Heiar
Grimmage a Gezei: Carole Mancini, Sandra Castiglia
Technik a Bühnebau: Technesch Equipe vum Déifferdanger Theater.